E Samschdeg den Owend géint 20 Auer koum et um Belval zu engem Feier an engem Appartement.

D'Pompjeeë waren op der Plaz, d'Avenue du Rock'n Roll war fir en Ament gespaart. Weider Detailer feelen nach, mä et blouf beim Materialschued.

Um Schlammestee huet et op engem Feld gebrannt.
Am Lokalen ass nach een Accident vun e Samschdeg den Owend nozedroen. Um 17.45 Auer goung zu Bieles an der Rue Jean l'aveugle een Auto op d'Kopp. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanze vun Déifferdeng an Esch.

Den 112 mellt dann och nach 2 Accidenter um Sonndeg de Moien. Um kuerz virun 10 Auer huet et an der Rue de Reckenthal zu Stroossen gerabbelt. Do sinn zwee Autoen aneneegerannt. 1 Persoun gouf blesséiert.

E puer Minutte méi spéit ass ee Gefier tëscht dem Pommerlach an Donkels op d'Kopp gaangen. Hei blouf et beim Materialschued.