Um Sonndeg den Owend hat zu Nidderkuer an der Käerjenger Strooss en Automobilist e gefier beschiedegt, datt do ofgestallt war.

De Chauffer ass awer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren, einfach weidergefuer. D'Police konnt den Automobilist awer ermëttelen an den Alkoholtest war positiv ausgefall. De Permis gouf agezunn.