En Dënschdeg um 15.45 Auer koum et zu engem Accident tëscht 2 Gefierer op der N7 op der Houschterdéckt. Ee Chauffer gouf méi uerg blesséiert.

D'Strooss war 45 Minutte gespaart, fir de Rettungsdéngschter z'erméiglechen, fir eng Persoun aus dem Auto erauszeschneiden. Dee Chauffer gouf méi uerg, 2 aner Automobiliste méi liicht verwonnt. D'Ursaach vum Accident ass nach net gekläert.