© CGDIS
Um Schumannseck hat en Unhänger, dee Botte gelueden hat, Feier gefaangen. Duerch d'Dréchent hat d'Feier och op de Bësch iwwergegraff.
Géint 12.30 Auer gouf de CGDIS wéinst engem Brand alarméiert, dat op der N15 tëscht dem Schumannseck a Bitscht geruff. Hei hate d'Botten op engem Unhänger Feier gefaangen. Wéinst der Dréchent huet d'Feier dann och op de Bësch iwwergegraff.
Direkt goufe 4 Läschween op d'Plaz geschéckt zesumme mat enger Ambulanz, ma am Laf vun den Aarbechte goufen weider Unitéiten a Spezialequipement op d'Plaz geruff. Och den Helikopter vun der Police esou wéi eng Drone vum CGDIS goufen op d'Plaz geschéckt, fir den Unitéiten um Buedem e besseren Iwwerbléck ze verschafen.






















Wéinst den héijen Temperature gouf de Soutien sanitaire vum CGDIS agesat, déi zesumme mat den Ambulanzen op der Plaz sech ëm d'Sécherheet vun de Pompjeeën an den anerem Personal gekëmmert hunn. Blesséierter gouf et beim Asaz bis elo nach keng.
Ronn 60 Pompjeeë vum CIS LAC, Wolz, Alebësch, Esch-Sauer, Lëntgen, Wëntger, Ëlwen a vum Centre de soutien logistique esou wéi d'Drone vun de Stater Pompjeeë sinn hei am Asaz. De CIS vun Housen gouf a Bereetschaft versat, fir de ganze Radius bei weideren Tëschefäll ofzedecken.
Wéinst den héijen Temperature goufe d'Personal op der Plaz ausgetosch, esou datt och Klierf, Kiischpelt, Géisdref a Wäisswampech an den Asaz koumen.