De Cercle des médecins anesthésistes et réanimateurs deelt mat, datt en net mat der eesäiteger Duerstellung vum Fonctionnement vum neie Samu averstane ass.

D'Samus-Doktere wieren net mat agebonne ginn an d'Analys vum 4. Samu, deen dës Woch virgestallt gouf.

Den Norden an Oste vum Land wier an der Analys net sou consideréiert ginn, wéi dat do fir d'Stad de Fall wier.

Dernieft wier et besser, datt wéi bei den aneren 3 Samue mam Spidol zesummegeschafft gëtt an net "aus dem Spidol eraus" an enger externer Kasär.

De Projet misst mat allen Acteuren zesummen definéiert ginn.

Séier an effikass hëllefen, dat wier d Prioritéit fir d' Aarbecht vum CGDIS. Dacks wier et virkomm dat kee Samu disponibel wier, séier hätt een du reagéiert fir e 4. Samu an enger Testphasen anzesetzen, wéinst der demografescher Entwécklung an de ville Leit déi dagsiwwer an a ronderëm d' Stad schaffe gouf Hesper zréckbehalen.

De CGDIS géif dru schaffen de System ze optimiséieren. En nationale Plang fir d’ Organisatioun vun de Rettungsdéngschter gëtt ausgeschafft. Den Alain Becker, President vum Verwaltungsrot vum CGDIS: “Mir wëssen dat mer op ville Plazen nach Schwaachpunkten hunn, do schaffe mer intensiv drun.”

An dësem Plang soll ënnert anerem definéiert gi wou nei Kasären hikommen an och wou wei eng Moyenen agesat ginn.

4. Samu fir Lëtzebuerg zënter Ufank Juli am Asaz (24. Juli)

AUDIO: 4. Samu fir Lëtzebuerg / Reportage Katarina Kickert

Zu Hesper am neien Asaz-Zenter ass de 4. Samu stationéiert. Extra equipéiert, well nei ass dëse Samu net. Am Géigendeel, déi 4 Rettungsgefierer sinn absolutt identesch. Esou bleiwen d’Gesten an d’Ofleef iwwerall déi selwecht, am Asaz geet keng wäertvoll Zäit verluer. An d’Samue sinn ënnerenee austauschbar.

Tëscht Moies 6 an Owes 22 Auer sinn en Dokter-Anästhesiste an en Infirmier-Anästhesiste zu Hesper asazbereet, fir sech a medezineschen Noutfäll op de Wee ze maachen. Dass nieft Ettelbréck, der Stad an Esch, Hesper als 4. Standuert fir e Samu ausgesicht gouf, huet e gudde Grond.

Den Dr Pascal Stammet, medezineschen Direkter vum CGDIS: An der Géigend vun der Stad an och am Süde vum Land hu mer déi gréisste Bevëlkerung. Mir hunn och déi meeschten Asätz bei wäitem hei am südlechen Deel vum Land. Mir hunn do
no engem Emplacement gesicht, dee verkéierstechnesch awer relativ gënschteg läit an do situéiert ass, wou déi meeschten Asätz sinn. An do huet sech eben hei ugebueden.

Duerch déi nei Opstellung gëtt de Rettungshelikopter punktuell entlaascht a ka méi villsäiteg agesat ginn.

Den Dr Pascal Stammet: Zum Beispill am Norde vum Land, wann de Samu vun Ettelbréck schonn am Asaz ass, kann eventuell och dee vun der Stad do agräifen. Dat war och elo an de leschten 3 Wochen op d'mannst schonn 3 Mol de Fall.

D’Problematik, dass vereenzelt Doktere fréier refuséiert hu mam Rettungshelikopter op een Noutfall ze fléien, ass iwwregens och vum Dësch.

Zanter dem 1. Juli gëtt nämlech direkt beim 112 an der Zentral d’Entscheedung getraff, ob Samu oder Helikopter an den Asaz kommen.

Den Dr Pascal Stammet: Dat opgrond vun Donnéeën, déi den 112 huet, vun der theoretescher Antreffzäit op der Plaz. Elo, an deene bësse méi wéi 3 Wochen, wou mer dat agefouert hunn, funktionéiert dat wierklech reiwungslos. Dat Ganzt geschitt wierklech am Konsens mat den Dokteren an den Helikopter gëtt och do agesat, wou e muss agesat ginn.

Mam 4. Samu huet Lëtzebuerg elo 1 op 150.000 Awunner. Dat ass am Verglach zu Paräis oder dem Saarland wéineg, wou 1 op 100.000 Awunner, respektiv 1 op 77.000 Awunner kënnt. Dat wär awer et wierklech vergläichbar, esou den Dr Stammet, well déi Samuen, déi do matgezielt géifen, deelweis net eise Standarden entsprieche géifen. An et sech och dacks ëm Doktere géif handelen, déi eng Praxis hätten a bei engem Noutfall asprange géifen. Dës hätte weder déiselwecht Ausbildung, nach dat selwecht Equipement wéi d’Samuen hei zu Lëtzebuerg.