Um Sonndeg de Moie géint 3.45 Auer ass en Automobilist tëscht dem Schlammestee a Krautem mat sengem Gefier an de Gruef geroden.

Wéi de CGDIS mellt, gouf heibäi 1 Persoun blesséiert.
D'Ambulanz vun Diddeleng, grad ewéi den Asazzenter vu Weiler-zum-Tuerm waren op der Plaz.

Kuerz vir 4 Auer huet dann nach eng Poubelle an der Groussgaass an der Stad gebrannt. Kengem ass heibäi eppes geschitt.

Géint 6.40 Auer gouf et en Accident op der A13 Richtung Péiteng, Suessem, Rondpoint Biff. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng war op der Plaz, grad wéi den Asazzenter Käerjeng an den Asazzenter Suessem/Déifferdeng.