
© pixabay
De Misär vun de Leit zu Péiteng an zu Käerjeng rifft net just Sympathie, Matleed an Hëllef ervir.
Och Onéierlecher si schonns op der Plaz a probéieren vum Leed ze profitéieren. D’Gemenge Péiteng a Käerjeng warne virun Persounen, déi sech als Betriber ausginn, fir ze hëllefen Diech ze flécken.
Dofir froe se en Acompte.
Ass deen Acompte bezuelt, maache sech déi soi-disant Handwierker aus dem Stëbs.
Et ass dofir wichteg ze wëssen, dass weder de CGDIS, nach seriö Betriber en Acompte fir hir Hëllef froen.
Am meeschte gelies