D’Steierverwaltung fonctionnéiert, mee se ass debordéiert. D‘Retarde beim Opschaffe vun de Steiererklärunge wäerten net d’nächst Joer opgeholl sinn.

Dat seet de „Syndicat unifié des impôts directs“ – oder och de Steierbuet. Den DP-Finanzminister Pierre Gramegna géing zwar zanter 2013 d’Personal bei der Verwaltung opstocken, allerdéngs hätt d’Steierreform vun 2017 vill méi Aarbecht mat sech bruecht.

De President vum Syndicat, de Christian Faber, plädéiert dofir, dass Departen an d’Pensioun antizipéiert ginn, well nei Leit als éischt musse ugeléiert ginn. Zum annoncéierte Rekrutement vun 43 Leit fir dëst Joer warnt hien, dass 31 dovunner ee CDD kréien.

Donieft wier eng Vereinfachung vum Steiersystem och ubruecht. Ëmmerhinn ass d’Steiererklärung vu 16 op 20 Säite gewuess. Déi annoncéiert Digitaliséierung bei de Steiererklärunge vu Privatleit kéint sécherlech hëllefen, allerdéngs freet sech de Syndikat mat wéi enge Systemer geschafft gëtt a wéi eng Paradigmë gewiesselt ginn.

Déi Steiererklärungen, déi virum Stéchdatum vum 31. Mäerz ageschéckt ginn, wiere mat Zäit traitéiert. Géingen awer all d’Dossiere mat Zäit erakommen, da géing d’Steierverwaltung net nokommen, sou de Christian Faber.

De Christian Faber eklärt firwat de Steierbuet net no kënnt