Dësen impressionnante Chiffer ëmfaasst eng 6.950 Residanten, an 4.926 Persounen, déi net hei am Grand-Duché ugemellt sinn.

Op den 1. Januar dëst Joer hunn zimlech genee 613.900 Leit hei zu Lëtzebuerg gelieft: 322.000 Lëtzebuerger an 291.000 Auslänner. Déi Zuelen kann een esou um Site vum Statec noliesen.

Den Taux vun de Net-Lëtzebuerger am Land läit also bei ronn 47,5%. Ëmmer méi Leit wëllen dann awer och déi Lëtzebuerger Nationalitéit, an do war 2018 e Rekordjoer.

AUDIO: Demandë fir Lëtzebuerger ze ginn: Reportage Joel Detaille

Kucke mer fir d’éischt 10 Joer zeréck. Am Joer 2008 gouf et 1'129 Prozedure fir déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien.
10 Joer mi spéit weist de Bilan en Chiffer deen 10 mol sou héich ass. De Seuil vun den 11.000 acceptéierten Demanden gouf zejoert iwwerschratt. 11.876 waren et der, fir genee ze sinn. Dovunner 6'950 vu Leit, déi och hei am Land ugemellt sinn, an 4'926 vu Leit aus dem Ausland.

Dës exponentiell hausse huet sécherlech verschidde Grënn. Een dovunner ass awer deen, dass op Silvester zejoert den Delai ausgelaf ass, fir d’Naturalisatioun vu Leit, déi lëtzebuergesch Virfaren hate virun 1900, an dat och noweise konnten.

D’Reforme vum Nationalitéite-Gesetz vun 2008 an 2017 hunn natierlech och zu der genereller Hausse bäigedroen.

Wann ee sech den Detail ukuckt, ween dann zejoert alles eng Demande gemaach huet fir Lëtzebuerger ze ginn, da stiechen 3 Natiounen ervir: d’Fransousen, d’Belsch an d’Portugisen.

2'784 Fransousen, bal 1'600 Belsch an 1'594 Portugisen sinn zejoert naturaliséiert ginn, spréch, hunn elo eng Duebel-Nationalitéit. Demandë vun Italiener oder Däitschen gouf et der mat 461, respektiv 364, am Verglach relativ wéineg.