Um Dënschdeg de Moie gouf et 2 Accidenter, bei deenen 3 Persoune blesséiert goufen. Tëscht Stroossen a Briddel hat dann nach en Auto gebrannt.

Wéi de CGDIS um Dënschdeg de Moien am Bulletin matdeelt, ass kuerz no 6 Auer op der N2 tëscht Mutfert a Sandweiler en Auto op der Kapp gelant. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

Kuerz virun 7.30 Auer sinn tëscht Garnech an dem Wandhaff 2 Autoen anenee gerannt. De Samu aus der Stad, d'Ambulanze vu Mamer a Stengefort, grad wéi d'Asazzentere vu Koler a Mamer waren op der Plaz. 2 Persoune goufe blesséiert.

Kuerz virun 9 Auer sinn d'Pompjeeën aus der Stad a vu Bartreng/Stroossen op den CR181 geruff ginn. Tëscht Stroossen an dem Briddel hat en Auto Feier gefaangen. Heibäi gouf kee blesséiert.