D'CSV stellt eng urgent parlamentaresch Fro am Dossier "Casier judiciaire bis" a schwätzt vun neie Revelatiounen.

An der Suite vun de Publikatioune vum Maître Vogel hätt déi gréisst Oppositiounsfraktioun Post vun engem Bierger kritt, deen e fréiere Greffier zitéiert.

An deem Bréif wier Rieds dovunner, datt Avertissements taxés ëmmer gesammelt gi wieren, fir eng generell Appreciatioun vun enger Persoun ze kréien an datt déi Donnéeën deemno wéi un de Parquet weidergereecht gi wieren.

An engem neie Procès verbal wier dann zum Beispill op Basis vun dësen ale Protokoller dem Concernéierten ënnerstallt ginn, sech konsequent net un d'Verkéiersreegelen ze halen, fir dann duerno e Retrait vum Permis ze froen.

Genannt gëtt d'Beispill vun engem Commerçant op der Plëss, deen eng ganz Rëtsch Parkprotokoller opweises gehat hätt.

D'CSV freet elo de Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch an de Justizminister Felix Braz, ob d'Aussoe vum fréiere Greffier ze confirméiere sinn.

Sollt dat de Fall sinn, wéilten d'Deputéiert Gilles Roth a Laurent Mosar weider Detailer wëssen, zum Beispill, ob hei d'Dateschutzreegelen an de Prinzip vun der Présomption d'innocence agehale goufen, ob domat verschidden Aussoen vun der Procureur Général d'Etat Martine Solovieff net a Fro ze stelle wieren a wéi d'Ministeren  dëser eventueller Situatioun wéilten entgéintwierken.