An den europäesche Bëscher hält sech dës Katastrophe a Grenzen, och zu Lëtzebuerg.

Bestänn vu Villercher, Reptilien, Mamendéieren an Amphibie sinn zanter 1970 ëm 53% zeréckgaangen. Dat soen déi rezentste Rapport vum World Wildlife Fund.

Et sinn Zuelen, déi alarmant sinn, ma déi virun allem e Bléck op d’Tropebëscher geheien. Do ass d’Situatioun nämlech besonnesch ugespaant. D’Bestänn vun den Déieren hei hätte sech nämlech an de leschte Joerzéngte berouegt, nodeems d’Bëscher iwwert Joerhonnerten ënnert dem mënschlechen Impakt gelidden hunn.

Laurent Schley, Biolog an Directeur adjoint vun der Naturverwaltung, um RTL-Mikro

AUDIO: Bësch- an Déierebestänn leiden / Reportage Nadine Gautier

Wärend d’Leit de Bësch zerstéiert hunn, sinn och d’Déieren do verschwonnen. Grouss Hufdéieren, Wëllschwäin, Mamendéieren, Hirschen, an den Alpen Steebéck a sou weider. Och d’Raubdéiere ware verschwonne: De Lux an de Wollef zum Beispill.

An engem perfekten Zoustand wieren eis Bëscher haut zwar nach ëmmer net. Ma d’Déierewelt, déi sech duerch den Afloss vum Mënsch zeréckgezunn hat oder ausgerott gouf, ass lues a lues awer nees am Gaange sech z’installéieren. Europa wier, wat déi grouss Mamendéieren ugeet, net esou an engem katastrophalen Zoustand. Zu Lëtzebuerg ginn et zwee Haaptproblemer, engersäits wier dat d’Zerschneidung vum Land.

Am WWF-Rapport ass et dann och den Appell, d’Bëscher besser ze schützen. Net nëmme well se d’Biodiversitéit garantéieren, mee och, well se wichteg si, fir géint de Klimachangement ze kämpfen. Fir d’Tropebëscher ze schützen, ginn et och eng Partie Initiativen. Zum Beispill den FCCF, de Forestry and Climat Change Fund, deen tëscht dem Lëtzebuerg Staat, der BIL der Spuerkeess an dem Foyer lancéiert gouf.