E Mëttwoch géint 16.15 Auer ass den CISGM op e Brand am Ausgang vu Gréiwemaacher geruff ginn.

De Brand war méi kleng wéi geduecht an deemno och séier nees ënner Kontroll, esou dass och keng Persoun zu Schued koum.

No knapp enger Stonn war den Asaz eriwwer.