Am Lokalen mellt de CGDIS ee Blesséierten e Freideg am fréien Owend.

Tëscht Géisdref an dem Heischtergronn hat sech kuerz no 17 Auer ee Won iwwerschloen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Méi Detailer sinn net gewosst.

Op der Plaz waren d'Ambulanz Wolz, d'Pompjeeë vu Géisdref a Wolz an d'Police.

E Samschdeg de Moie géint 7.50 Auer koum et zu Habscht an der Stengeforter Strooss nach zu engem Accident. Ee Won krut do ee Stroosseschëld ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt.

Op der Plaz war d'Ambulanz vu Stengefort, d'Pompjeeë vun Habscht an d'Police.