Méi wéi eng Woch nom Tornado ass an der Gemeng Käerjeng eng gréisser Botz-Aktioun.

Am Käerjenger Treff waren e Samschdeg de Moien iwwer 500 Fräiwëlleger zesummekomm, fir de Baueren ze hëllefen, hir Wisen a Felder ze botzen. Wéinst dem ville Knascht, deen nach do louch, konnten d'Béischten an de leschten Deeg net normal eraus op d'Wiss an op de Felder konnt net geschafft ginn, ouni datt d'Maschinne riskéiert hunn, futti ze fueren.

D'Solidaritéit gëtt weiderhi ganz grouss geschriwwen, wéi d'Leit um Mikro vum Jeannot Ries confirméiert hunn.

AUDIO: Extrait Botzaktioun

D'Opraumaarbechte sinn nach net ofgeschloss. E Méindeg ass d'Arméi nach eng Kéier am Asaz.
Eleng an der Gemeng Käerjeng ginn et den Ament iwwregens nach 8 Famillen, déi nach net an hier Haiser dierfen zeréck goen.

Solidaritéit bleift intakt: Grouss Botzaktioun nom Tornado
Iwwer 500 Fräiwëlleger aus allen Ecke vum Land koumen op Käerjeng, fir hei ze hëllefen, Wisen a Felder ze botzen.