D'Tageblatt deelt mat, datt säi Lokal-Reporter aus dem Süden no kuerzer Krankheet verscheet ass.

De geléierte Kach huet och nieweberufflech als Sportreporter bei RTL, beim Wort a bei Radio DNR geschafft.

De Marc Gatti war awer och politesch aktiv. De laangjäregen LSAP- Member war divers Kéieren zu Déifferdeng mat an d'Gemengewalen. Tëschenduerch war de Marc Gatti bei d'ADR gewiesselt, ass Vize-President vun der Partei ginn. Enn 2012 huet hien awer nees aus der ADR demissionéiert, deemools hate jo och de Jacques-Yves Henckes an de Jean Colombera der Partei de Réck gedréit.

Bei de leschte Gemengewalen 2017 war hien zu Déifferdeng nees Kandidat fir d'Sozialisten.

De Marc Gatti war och laang Joren an diverse Veräiner aktiv,  notamment am Déifferdenger Handball-Club Red Boys.