Géint 2.35 Auer an der Nuecht op e Sonndeg ass der Police zu Beetebuerg an der Munnerefer Strooss e Chauffer negativ opgefall.

D'Policepatrull huet den Automobilist gestoppt am kontrolléiert. De Mann war staark alkoholiséiert a war net méi an der Lag säin Auto uerdentlech ze steieren. Hien huet säi Permis nach op der Plaz missen ofginn a gouf vun de Beamten Heem gefouert.