Den EU-Kommissiounspresident a fréiere Lëtzebuerger Premier krut jo d'Galeblos erausgeholl.

D'Operatioun ass gutt verlaf, hien däerf awer net reesen, sou e Porte-Parole vun der Kommissioun.

Den 64 Joer ale Politiker hat de Weekend jo seng Vakanz an Éisträich aus gesondheetleche Grënn missten ofbriechen, wéi d'Europäesch Kommissioun an engem Schreiwes matgedeelt hat.

Hien huet d'Urgence missten d'Galeblos erausgeholl kréien.