De Konsumenteschutz warnt virum Ofschafe vum Boergeld, dat huet d’Associatioun viru kuerzem an engem Communiqué wësse gedoen.

Et war nämlech eng Diskussioun opkomm nodeems d’EU-Kommissioun virun 2 Joer een Aktiounsplang an deem Kontext ausgeschafft huet vir géint den Terrorismus an den Drogenhandel virzegoen. Eppes wat ebe virun allem Konsequenzen op Konsumenten hätt, esou d’ULC.

Dem Konsumenteschutz no, krut d’Associatioun eng Hellewull Maile vu Leit fir eppes géint e méiglecht Ofschafe vum Boergeld ze maachen. Wei et heescht, géif Boergeld Privatsphäre garantéieren an d’Grondrechter, grad ewéi d’Recht ob Selbstbestëmmung, Handlungsfräiheet a Meenungsfräiheet ofsécheren. Donieft, géif Boergeld fir méi Gläichheet suerge well de Cash fir d’Bevëlkerungsschichte liicht zougänglech wier, esou d’ULC.

An enger Rëtsch  EU-Länner ginn et ewell Limitte beim Bezuele mat Boergeld. An Italien leien d’Limitte bei 3.000 Euro, a Frankräich bei 1.000 Euro, a Griicheland bei 1.500 Euro an a Spuenien bei 2.500 Euro. Dës Limitte goufe virun allem agefouert fir Geldwäsch ze verhënneren. Ma wei effektiv dës Limitte bei der Bekämpfung vu Kriminalitéit an der Verhënnerung vu Waffegeschäfter ass, kéint d’EU-Kommissioun net soen, well et keng Statistiken doriwwer gëtt.

An 10 bis 20 Joer kéint et kee Boergeld méi ginn. Dowéinst misst een alles maache fir d’Populatioun net ze splécken, ënnersträicht de Konsumenteschutz. Mir wollte wësse wat d’Leit iwwert e méiglecht Ofschafe vum Boergeld halen.

D’ULC schwätzt sech géint een Ofschafe vum Boergeld aus a wäert dann och bei der Regierung an den zoustännegen Institutiounen all déi néideg Schrëtt ënnerhuelen, fir esou een Zeenario ze vermeiden.