Den 20. a 27. September demonstréiert d'Klimabeweegung op en Neits am Grand-Duché.

Am Gespréich mat den engagéierte Jonken ass de Pierre Weimerskirch gewuer ginn, wat si fir déi zwee Deeg geplangt hunn.

Fridays for Future Lëtzebuerg Reportage (22.08.19)

Den 20. September ginn d’Schüler nach eemol op d’Strooss. Eng Woch méi spéit soll eng gréisser Mobiliséierung sinn, sou de Stephane Pekala Colles vu Youth for Climate Lëtzebuerg.

Och d'Gewerkschaften huelen de 27. September un der Demonstratioun deel. Hinne geet et virun allem dorëms, de Jonken organisatoresch ze hëllefen, mengt de Patrick Dury vum LCGB.

Déi Deeg tëscht den zwou Manifestatioune wëll d'Klima-Beweegung an Zesummenaarbecht mat den ONGen all Dag Aktiounen zum Thema Klima organiséieren.

Ob d’Fridays-for-Future-Beweegung nach eemol esou vill Leit op d’ Strooss zitt, wéi et bei der grousser Demo am Mäerz de Fall war, ass nach net gewosst.