Den Donneschdeg de Moien huet d'Lëtzebuerger Police hiren däitschen Kollegen e 27 Joer alen Algerier ausgeliwwert.

Dëse gouf ënnert anerem wéinst Drogendelikter gesicht. Bis zu sengem Geriichtsprozess kënnt de Mann elo an de Prisong.