D'Klimapolitik ass mëttlerweil en Thema, mat deem sech all d'Parteien ëmmer méi intensiv ausernanersetzen.

Fir d'CSV wier de Klimawandel och eng vun de politesche Prioritéiten. Et wéilt ee pragmatesch un de Sujet erugoen a net ideologesch.

D'Fridays-for-Future-Beweegung huet den Debat och zu Lëtzebuerg relancéiert.

D'politesch Parteien am Grand-Duché gesinn de Klimawandel als eng vun den Haapterausfuerderunge vun der haiteger Zäit.

D'CSV-Fraktioun huet fir de konkrete Klimaschutz um Donneschdeg e Vëlostour vum Belval zeréck op de Belval organiséiert. Pro Kilometer goufe 50 Cent gesammelt.

Et wier awer och drëms gaangen, fir op d'Thematik opmierksam ze maachen, esou d’ Martine Hansen, Fraktiounscheffin vun der gréisster Oppositiounspartei. Knapp 20 Leit hu vum Belval aus déi 50 Kilometer duerch de Süden an Ugrëff geholl. Mat de Suen, déi gesammelt goufen, solle Bam-Planz-Projete finanzéiert ginn.

De Pierre Weimerskirch huet d'Geleeënheet genotzt, fir mat der gréisster Oppositiounspartei iwwert hir konkret Iddien ze schwätzen. Et misst ee sech an Zukunft och mat der Fro vum Ressourcëverbrauch ausenanersetzen, wann ee wéilt aktive Klimaschutz zu Lëtzebuerg maachen, esou d'Vertrieder vun der CSV.