E Freideg de Mëtteg um 17 Auer war d'Ouverture vun der Schueberfouer.

Traditionell gouf d'Fouer um Glacis vun der Stater Buergermeeschteg Lydie Polfer lancéiert, dat mam Duerchschneide vum Band.

Ouverture vun der Schueberfouer 2019 um Glacis
De Loïc Juchem war fir eis op der Plaz.

Niewent der offizieller Ouverture gouf et och eng Klima-Demo vu Youth for Climate Luxembourg um Glacis. Eng 50-60 Persounen hunn am Kader vun den uerge Bëschbränn am Amazonas manifestéiert.

.