Géint 14.40 Auer huet eng Ronnballepress Feier gefaangen a kuerz drop e Feld mat Stréi a Brand gesat.

Virun allem wéinst dem ongënschtege Wand op der Plaz, huet sech d'Feier séier ausgebreet. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Hiefenech, der Fiels a Waldbëlleg, sou wéi d'Ambulanz aus der Fiels.

Ënnerstëtzung gouf et dobäi vun de Baueren aus der Ëmgéigend. D'Baueren sinn op der Plaz mat Trakteren ronderëm d'Feier gefuer, fir d'Flamen esou anzegrenzen.

D'Feier war no enger Stonn geläscht, kee Mënsch ass hei zu Schued komm.