Nodeems de Christian Vanderslyen et als Weesekand immens schwéier hat, huet hien duerno säin Dram erfëllt an ass Pilot ginn. Elo hëlleft hien aneren.

Op der Fouer ass bekannterweis fir jiddwereen eppes mat dobäi. Esou huet sech d'Stëmm vun der Strooss och dëst Joer nees mat knapp 110 Sans-abrien um Glacis getraff, fir eppes iessen ze goen an en Tour op de Spiller ze maachen. Fir e puer Leit war et déi éischt Visitt op d'Fouer. Dat gëllt och fir d'Benevollen.

AUDIO: Stëmm vun der Strooss op der Fouer: Reportage Tim Morizet

Fir de Christian Vanderslyen war et den éischte Besuch op der Fouer als Benevole mat der Stëmm vun der Strooss. De Belsch, deen 1988 op Lëtzebuerg migréiert ass a laang Joren als Linne-Pilot bei der Luxair geschafft huet, ass awer schonn zanter 3 Joer aktiv bei der Terrainsaarbecht mat dobäi.

Scho méi laang mécht den 72 Joer ale Pilot sech och e Spaass draus, d'Cliente vun der Stëmm mat an d'Loft ze huelen.

Christian Vanderslyen:Ech sinn och e Volontaire bei enger Organisatioun déi sech „Les Gens d'air“ nennt beim Aérodrome zu Namur. Mat deene Relatiounen a Kollegen hunn ech dunn Ausflich mam Helikopter fir d'Cliente vun der Stëmm organiséiert.Reegelméisseg, op d'mannst 1 mol d'Woch fënnt een de Volontaire am Zentrum an der Rue de la Fonderie, am gaange mat Leit ze schnëssen, ze laachen, an och e bëssen ze schaffen. Fir den fréiere Pilot ass säin Engagement eng Selbstverständlechkeet. En hätt selwer vill Gléck an enger schwéierer Zäit gehat.

Christian Vanderslyen:Ech hunn eng grouss Schold par Rapport vun der Societéit. Ech krut an der Vergaangenheet vu ganz ville Leit gehollef, deenen ech ni „Merci“ konnt soen. Dat heiten ass bësse meng Aart a Weis ze kompenséieren, fir all déi Hëllef déi ech kritt hunn. Ech war als Jonke ganz aarm. Ech war e Weesekand. Vill Leit hu mer och gehollef mäin Dram Pilot ze ginn ze verwierklechen.

„Matgefill“ ass en Wuert wat de fréiere Pilot net esou gären héiert. E bëssen Engagement, an esouguer minimal Kommunikatioun kann hei schonn enger Persoun den Dag verbesseren.

Christian Vanderslyen: Heiansdo hëlleft et Konditioune mat Kontakt ze verbesseren. E Bléck, e Laachen. Et gi vill Leit deenen et schwéier fält ze laachen. Mä wann een et da fäerdeg bréngt, ass et ëmsou méi wäert.Fräiwëlleger, ewéi den Christian Vanderslyen, wiere bei der Stëmm vun der Strooss net méi ewechzedenken, esou d'Jill Jucken vun der Stëmm.

Jill Jucken: Hien ass wierklech deen, deen dann och mol gäre mat de Leit geckst, wat d'Leit dann och aus em Trakt vum Alldag erausbréngt. Hie probéiert d'Situatioun och ëmmer méi relax ze halen an hie mécht dat ganz gutt. D'Leit komme gäre bei hien, fir bësse mat him ze schwätzen. Mir si frou wann mer esou Leit hunn déi aushëllefen.Och dëst Joer war de Besuch op der Fouer nees e grousse Succès mat ville laachende Gesichter, an engem gratis Iesse beim Kessel.