Op der A13 mellt den 112 fir e Méindeg den Owend direkt zwee Accidenter, bei deenen eng Kéier 3 an eng Kéier 2 Persoune blesséiert goufen.

Béid Accidenter waren tëscht Altwis a Fréiseng. Den éischte mat 3 Blesséierte war géint 17 Auer, den Zweete géint 18.15 Auer.  D'Pompjeeë vu Fréiseng, Munneref an Duelem waren am Asaz, grad wéi Ambulanze vu Réimech, Diddeleng a Beetebuerg.

Um Kierchbierg krute sech kuerz no 17 Auer en Auto an e Motorrad ze paken. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

An zwee Blesséierter ass de Bilan vun engem Accident géint 3.30 Auer op der Streck tëscht Ierpeldeng a Méchela.

Um Dënschdeg de Moie géint 7.50 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Peppeng an der rue de Crauthem. Och hei gouf et 1 Blesséierten, ëm deen d'Ambulanz vu Beetebuerg sech gekëmmert huet. D'Pompjeeën aus dem Réiserbann waren och op der Plaz.