40 Grad a keen Daach iwwert dem Kapp
Keen Daach iwwert dem Kapp ze hunn, gëtt net just am Wanter séier ongemittlech. Och am Summer sinn d'Sans-Abrisen den extremen Temperaturen ausgesat.
Mee wéi eng Gefore bréngt déi grouss Hëtzt mat sech? A wéi een Afloss haten déi héich Temperaturen op d'Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounen? De Jeff Spielmann vun RTL kuckt zeréck op de waarme Summer an déi domat verbonnen Erausfuerderungen, fir déi, déi op der Strooss liewen, an déi, déi hinnen hëllefen.
Dräi Auer nomëttes zu Bouneweg. D'Katia an den Djillali si Streetworker a maache reegelméisseg hiren Tour duerch Bouneweg, de Garer Quartier a Gaasperech. Hir Aufgab: Déi Leit z'ënnerstëtzen, déi sech an hirem Alldag gréisstendeels op der Strooss ophalen. D'Katia an den Djillali hunn zum Beispill Waasserfläschen un hir Cliente verdeelt. Déi héich Temperature vun dësem Summer si fir d'SDFen geneesou geféierlech wéi d'Minustemperaturen.
"Sans-Abrisen hu meeschtens all hir Saache bei sech – deelweis an Tuten, awer och um Kierper, fir näischt geklaut ze kréien", erkläert den Djillali Mokeddem. Doduerch wieren SDF'en dacks vill ze waarm ugedoen. Eng ganz Rei vun hire Clienten huet awer och medezinesch Problemer, duerch déi si staark Medikamenter mussen huelen, an déi sinn dacks net kompatibel mat der Sonn. Eng vun de gréisste Geforen ass awer de Konsum vun Drogen an Alkohol. "Duerch den Alkohol dehydratéiert een zwee Mol méi séier. Wann een also méi Alkohol wéi Waasser drénkt, geet een e Risk an", seet den Djillali.
An dorop versiche si hir Clienten ze sensibiliséieren. Sou recommandéiere si de SDF'en zum Beispill, fir a Parken mat ville Beem no Schiet ze sichen, si erklären, wou et gratis Waasser gëtt, an si proposéieren de Sans-Abrisen, an Raimlechkeete vun "Inter-Actions" ze kommen. D'Asbl mécht nämlech bei grousser Hëtzt hir Dieren éischter op, fir dass d'Leit sech dobannen ofkille kënnen. Dusche kann een am Noutfall an hirer Maison des Jeunes.

Ma d'Canicule mécht net nëmmen de Sans-Abrisen ze schafen, mä och de Servicer, déi do sinn, fir hinnen ze hëllefen. Eng Alerte Orange, a souguer eng Alerte Rouge, sinn zum Beispill an der "Stëmm vun der Strooss" ausgeruff ginn. Servicer, wéi d'Wäscherei, d'Duschen, d'Kleederstuff oder d'Kiche sinn all zougemaach ginn – fir d'Leit, déi do schaffen, ze beschützen. "Obscho mir kal gekacht hunn, Bréidercher a kal Plate virbereet hunn, hu mer et net fäerdeg bruecht, d’Temperaturen an der Kichen erofzekréien, an dofir hu mir, fir de Leit hiert Bescht, zou gemaach an nëmme kal Bréidercher zerwéiert, déi mir vu bausse komme gelooss hunn", erkläert d’Alexandra Oxacelay, d'Direktesch vun der "Stëmm vun der Strooss".
Déi extrem Hëtzt huet och de Fonctionnement vum "Caddy" beaflosst. De Service besteet doraus, Iesswueren, déi am Supermarché net verkaf konnte ginn, ze recuperéieren, an an der "Stëmm" ze verschaffen. Vue dass Camionnette, an där d'Liewensmëttel transportéiert ginn, awer net klimatiséiert ass, konnten d'Chauffeuren net hir üblech Tournéeë fueren.
Ma och beim Stockéiere vun de Liewensmëttel stoung ee virun Erausfuerderungen. Duerch dat permanent Op- an Zoumaache vun den Dieren, an den Temperaturen, déi doduerch geschwankt sinn, hunn d’Frigoe riskéiert, futti ze goen. Um Niveau vun der Hygiène hätt een iwwerdeems missen oppassen, dass d'Killketten net ënnerbrach gëtt, erkläert d’Sandra Cantin vum Service Caddy. Wärend der Canicule huet een hei awer genee sou wéi an der "Stëmm" de Service staark reduzéiert a just nach dréche Produiten transportéiert.

Mëttlerweil huet d'"Stëmm vun der Strooss" ee Killraum fir d'Kichen zu Hollerech gespent kritt, deen deemnächst soll agebaut ginn. Fir frëscht Iesse wier also gesuergt, ma och d'Cliente kréien d'Méiglechkeet, sech ze erfrëschen – och wann d'Dusche wärend enger Canicule zou bleiwen. Ee Gaardeschlauch a kleng Basenge kruten d’Clienten zur Verfügung gestallt, fir sech ofzekillen. "Eis ass awer opgefall, dass d'Leit net hei bliwwe sinn, well hei bannen war et bal sou waarm wéi dobaussen. D'Leit si just iesse komm an dann erëm gaangen", esou d’Alexandra Oxacelay.
Een, deen zanter Joere reegelméisseg an d'"Stëmm" kënnt, ass de Mike. Hie lieft op der Strooss, zanter ronn engem Joer. Seng Drogesucht wier d'Wuerzel vum Problem. Nom Entzuch zu Lëtzebuerg a nach wärend der Therapie an Däitschland, ass hie réckfälleg ginn an huet d'Klinik misse verloossen. Zeréck zu Lëtzebuerg ass et weider biergof gaangen, an esou wier en op der Strooss gelant. Zanterhier schléit e sech iergendwéi derduerch, erzielt de Mike.
Bei extrem héijen Temperature sicht de Mike dacks an der Péitruss no enger killer Plaz am Schiet. Dusche mécht hien an der "Stëmm", wou hien och seng Kleeder wäsche léisst. Mëttlerweil weess de Mike och genee, wou et an der Stad gratis Waasser ze drénke gëtt. Esou hätt hien de Summer bis elo gutt iwwerstanen. Bei 40 Grad wier hien awer schonn u seng Limitte komm, erzielt hien. Dann huet e seng Féiss alt mol am Sprangbur op der Plëss ofgekillt, sou wéi vill Leit et gemaach hätten, déi op der Strooss liewen.