D'Liewensmëttelsécherheet ass vun der RASFF an dem Delhaize informéiert ginn, dass am Smoothie Orange Mangue Fruit de la Passion Mëllech-Allergene sinn.

De Produit vun der Mark Delhaize ass aus de Regaler geholl ginn, ma nawell war virdru schonns e puer där Produite verkaf ginn.

De Produit ass nëmme geféierlech fir Leit, déi allergesch sinn op Mëllech-Proteinnen oder Leit, déi laktosintolerant sinn. Dës Leit ginn och gebieden, de Smoothie net méi ze drénken.

Nom:

Smoothie Orange Mangue Fruit de la Passion

Marque:

Delhaize

Unité:

250 ml

Date limite de consommation (DLC):

09/10/2019

Code barre:

5400119513203

Numéro de lot:

6041

Origine:

Pays-Bas

Nëmmen d'Produite mat der Nummer 6041 a mam Oflafdatum vum 9. Oktober 2019 si concernéiert.