Bei 2 Leit gouf d'Demande accordéiert, bei deenen anere leeft d'Prozedur nach.

Zënter zejoert huet Lëtzebuerg 41 Mënschen opgeholl, déi am Mëttelmier vun ONGe gerett goufen. Dat äntwert den Ausseminister Jean Asselborn op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Dës Leit waren op 5 verschiddene Rettungs-Schëffer, sou wéi d'Alan Kurdi, d'Aquarius oder der Seawatch.

Wat d'Nationalitéit vun de Leit ugeet, stame 17 Persounen aus dem Sudan, 7 aus Eritrea, 6 aus Somalia, 4 aus dem Nigeria a 7 Leit aus anere Länner. Et waren 39 Männer, eng Fra an ee Kand. Si kruten de Statut vum Asyldemandeur.

Bei 2 Leit gouf d'Demande accordéiert, bei deenen anere leeft d'Prozedur nach. Et wier och nach net zu enger Familljenzesummeféierung komm, präziséiert den Immigratiounsminister.

Bannent dem genannten Zäitraum goufen am Ganzen 840 Leit vu Rettungs-Schëffer a Länner opgeholl. 580 vu Frankräich, 190 vun Däitschland, 100 vu Spuenien an 90 vu Portugal.