Bei Accident op der N11 gouf eng Persoun verwonnt.

Den 112 mellt fir e Mëttwoch de Moien een Accident. Op der Nationale 11, net wäit ewech vum Méchelshaff, ass kuerz virun 8 Auer e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.

Géint hallwer 11 huet zu Dol e Kamäi gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued.