D'Taxen, déi all Fluchgesellschafte pro Passagéier mussen un de Fluchhafe bezuelen, wäerten an d'Luucht goen.

Vum 27. Oktober u gëllt dat. Dofir ginn dann och d'Präisser vun de Fluchticketen e puer Euro erop. Dat huet de Joe Schroeder, Représentant vu Luxairgroup de Kollege vum RTL 5 Minutes confirméiert.

D'Hausse géif sech mat de méi héije Präisser fir d'Gestioun vum Fluchhafen erklären. D'Taxe vun där Rieds ass, läit de Moment bei 3.79 Euro a si wäert pro Passagéier op 7.50 Euro klammen. Wéi konkret sech dëst op de Präis vun de Fluchticketen auswierkt, konnt de Joe Schroeder net soen.