RTL-Informatiounen no, goufen d'Secouriste beim Asaz liicht verwonnt.

E Mëttwoch den Owend géint 10 Auer gouf et eng gréisser Ausernanersetzung tëscht enger Koppel an enger Wunneng zu Maarnech.

De Mann, dee wuel gedronk hat, huet randaléiert a wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, hat hien eng Blessure um Hals. D'Secouriste konnten de Mann awer eréischt behandelen, wéi dee sech bis berouegt hat.

Dat war awer net vu laanger Dauer. Kuerz drop huet de Mann nees ugefaangen Zodi ze schloen an huet och béid Ambulancieren attackéiert. Duerno gouf de blesséierte Mann an d'Spidol bruecht.

Eisen Informatiounen no goufen d'Secouriste liicht verwonnt.