Virun 3 Joer goufen d’Reliouns-an d'Moralcoursen an de Schoulen duerch de Wäerteunterrecht ersat. Dësen huet sech mëttlerweil fest etabléiert.

D’Zil ass et, de Kanner Wäerter ze vermëttelen, grad ewéi déi verschidde Weltusiichten a Relioune méi nozebréngen. Elleng am Secondaire ginn eng 260 Proffen de Cours "Vie et Société".

Am Primaire an am Secondaire gëtt de Wäerteunterrecht besonnesch vu Philosophen, grad ewéi fréiere Reliouns-a Moralsproffen gehalen. Fir d’Fach z’enseignéieren, muss all Enseignant eng Basis-Formatioun vu 16 Stonne maachen, mat ënnert anerem prakteschen a reliéise Modullen. Dës Formatioune grad ewéi d’Formation Continue missten awer an Zukunft ausgebaut ginn, fuerdert de Bistum.

De Cours "Vie et Société" gëtt am Secondaire vu 7e bis 4e, grad ewéi op verschiddene Sektioune vun 3e un ugebueden. Hei schaffen d’Schüler mat digitale Bicher dei besonnesch fir Lëtzebuergesch Besoinen ausgeschafft goufen, esou den Educatiounsministère. Am Primaire gëtt den Ament allerdéngs just mat Bicher geschafft.

Virun kuerzem goufe 15 nei Proffe rekrutéiert. Den Ament géif näischt drop hindéiten, datt de Reliounsunterrecht zréck an d’Schoule kënnt. Dat well sech de Wäerteunterrecht fest an de Schoulen etabléiert hätt, ënnersträicht den Educatiounsministère. De Bistum fuerdert weider, datt de Cours "Vie et Société" am Secondaire bis 1ère enseignéiert an datt d’Qualitéit vun de Bicher am Primaire verbessert gëtt.

De Reliounsunterrecht ass zu Lëtzebuerg net verschwonnen a gëtt an den 2 Europaschoulen enseignéiert. Donieft, kënnen d’Kanner an deenen iwwer 30 Poren hei am Land un der Katechese deelhuelen. Wéi et vun der Associatioun Aha, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker heescht, géif een d’Aféiere vum Wäerteunterrecht begréissen. Allerdéngs misst den zoustännege Ministère dofir suergen, datt de Programm vu fréiere Reliounsproffen ëmgesat gëtt.