Déi parlamentaresch Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet huet sech mat de sougenannte geheime Fichieren bei der Police befaasst.

Si huet bal zwou Stonne laang gedauert an awer war um Enn kee mam Resultat zefridden. An der éischter Sëtzung vun der Chamberskommissioun fir bannenzegt Sécherheet no der Rentrée, sollt doriwwer diskutéiert ginn, wéi dat aktuellt Dateschutzgesetz ka verbessert ginn, esou dass et alleguer d'Datebanke beim Staat couvréiert. Besonnesch vill ass dobäi awer net erauskomm.

D'Oppositioun wollt, dass eng Spezialkommissioun géif aberuff ginn, fir sech mat dësem Dossier am Fong ze beschäftegen. Dat hätt d'Majoritéit awer refuséiert. Déi par konter weist sech oppe fir all Form vu Kommissioun, ma verweist op d'Prozedur. Eng Spezialkommissioun misst vun der Conférence des présidents an dem Chamberplenum aberuff ginn an net vun enger anerer Kommissioun. Um Enn hätt een dann awer ugefaangen, iwwert den eigentleche Problem ze diskutéieren, och wann een domat net immens wäit komm wier. Dës Diskussioune sollen dann elo e Mëttwoch weidergefouert ginn.

Kloerheet doriwwer, wéi eng Datebanken et beim Staat ginn – esou wéi d'Oppositioun dat schonns zanter Méint fuerdert – gëtt et awer nach ëmmer net. Dat gëtt den zoustännege Minister François Bausch och zou. Der Majoritéit no géif et elo dorëms goen a punkto Dateschutz weider ze legiferéieren an dofir misst konstruktiv zesummegeschafft ginn – wat d'Oppositioun den Ament awer géif refuséieren ze maachen. D'Suite an deem Debat ass deemno e Mëttwoch, wou den Minister eng zweete Kéier an d'Kommissioun wäert kommen.