Ee liicht Blesséierte gouf et e Sonndeg den Owend géint 17.30 Auer zu Bitscht an der Duerfstrooss. Hei war eng Päerdskutsch ëmgefall.

Dat mellt e Méindeg de Moien den 112. Soss Detailer ginn et keng. Den Asazzenter vu Géisdref an d'Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz.

Um Méindeg de Moie gouf et da kuerz virun 10 Auer nach e Blesséierten zu Diddeleng an der Avenue Grand-Duchesse Charlotte, nodeems e Motocyclist mat senger Maschinn gefall war. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.