Zanter 1950 gëtt et dofir eng gesetzlech Basis mam Bundesversorgungsgesetz.

6 Persoune kréien hei zu Lëtzebuerg déi sougenannte "Nazi-Pensioun". Dat hat den Ausseminister Jean Asselborn viru 6 Méint erkläert. An der Belsch gëtt de Sujet um politesche Niveau ëmmer nees opgewiermt, well Belsch Deputéiert, sech schockéiert iwwert dës Pensioune weisen a fuerderen, datt d'Indemnisatiounen net méi weider ausbezuelt ginn. Hie géif net esou vill de moraleschen Aspekt, mä vill méi den historeschen an wëssenschaftlechen Aspekt interesséieren, erkläert de Professer Christophe Brüll vun der Uni Lëtzebuerg, dee sech mam Sujet ausernee gesat huet.

AUDIO: Nazi-Pensioun - Reportage Nadine Gautier

De Christophe Brüll interesséiert sech do virop, wéi d'Leit am Ausland iwwert dëse Mechanismus informéiert goufen an eng Demande fir d'Entschiedegung gestallt hunn. "D'Nazi-Rent", déi keng richteg Pensioun, mä virun allem eng Indemnisatioun ass, gëtt nämlech iwwert d'Grenze vun Däitschland eraus ausbezuelt. Zanter 1950 gëtt et dofir eng gesetzlech Basis mam Bundesversorgungsgesetz. An der Belsch kréien deemno nach 17 Persounen, Entschiedegungen ausbezuelt, zu Lëtzebuerg sinn et wéi gesot nach 6. Fir vun dëse Sue kënnen ze profitéieren, goufen et bestëmmte Critèren. De Professer Christophe Brüll: "Il faut évidemment un cerfiticat médical, qui atteste du préjudice physique et il faut bien évidemment prouver le lien avec la guerre. Donc soit d'avoir combattu et d'avoir subi une blessure de guerre, soit une action militaire, une bombe qui serait tombée ou autre chose, qui aurait causé des dégâts physiques."

Deemno kënnen och Zivilisten ënnert deene Persoune sinn, déi dës Rent ausbezuelt kréien. Konkret mussen d'Leit op d'mannst 25 Prozent invalid sinn, esou de Christophe Brüll. Vu datt d'Gesetz sech net nëmmen op Leit beschränkt, déi déi däitsch Nationalitéit hunn, falen och anerer drënner: "Si on dit: l'Allemagne indéminise des collaborateurs, c'est un peu court. Ce n'est pas la collaboration elle-même qui est recompensée en gros, mais un préjudice physique subi."

Et kéint een awer net verhënneren, datt och Kollaborateuren drënner sinn. SS-Männer oder och nach Leit, déi wéinst Krichsverbriechen veruerteelt goufen, missten an der Therorie awer ausgeschloss sinn: "Le fait d'avoir été condamné dans le pays d'origine après la guerre, ne joue aucun rôle aux yeux des Allemands. Si ce n'est que 1997, le législateur allemand a introduit un examen dans la loi qui prévoit que toutes les personnes liées à un crime de guerre sont exclues."

Nach e bësse méi wéi 2.000 Seniore kréien déi sougenannte "Nazi-Pensioun". Ënnert anerem Leit aus der Schwäiz oder och nach Polen.