Um Kierchbierg gesäit een aktuell e sëllechen Ausgruewungen, déi sech symmetresch iwwer e groussen Deel vu Felder am Quartier "Laangfur" verdeelen.

Op enger Surface vun 20 Hektar gëtt deen archeologeschen Diagnostik op der Héicht vun der Europaschoul um Kierchbierg vum Centre National de Recherche Archéologique gemaach. D’Ziler vun där Prozedur ass et, archeologesch Iwwerreschter ze detektéieren an den archeologesche Patrimoine nach besser ze protegéieren. Bei där Etüd gëtt beispillsweis gekuckt, wéi een Impakt d’Konstruktiounsaarbechten op d’Parzellen hunn, ënnersträicht den CNRA.

Wann op engem Site archeologesch Iwwerreschter fonnt ginn, kënne Fouille gemaach ginn. Wat d’Evaluatioun vum Site um Kierchbierg ugeet, wier d’Etüd nach net ofgeschloss.

Den CNRA huet dann och eng Broschür fir Promoteuren, Architekten an Urbanisten erausbruecht, wou dës Informatioune kréien, fir den archeologesche Patrimoine bei Konstruktiounsprojeten nach besser ze respektéieren, een Arrêt vum Chantier, grad ewéi finanziell Zousazkäschten z’évitéieren.

D'Iddi ass een Equiliber tëscht der Ekonomie an dem kulturelle Patrimoine ze fannen, esou nach den CNRA.