Géint 11 Auer e Freideg de Moien koum et um Kierchbierg beim Rondpoint Serra an der Sortie fir op d'Autobunn zu engem Accident.

Éischten Informatiounen no hat de Chauffer vun engem Camion en Auto iwwersinn a krut dësen ze paken. De Won gouf dobäi mat der Chaufferssäit an d'Leitplanke gedréckt.

Kengem ass eppes geschitt.