Wéi d'Police matdeelt, goufen an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg direkt 2 Unhänger geklaut.

Zu Stengefort war et en Unhänger vun der Mark Walt, mat der Plackennummer BD9215, deen direkt nieft engem Haus an der rue de Hobscheid geparkt war.

Zu Koplescht hunn Onéierlecher en Unhänger vun der Mark Saris geklaut (Plack EW5956). Dëse gouf an der rue de Luxembourg vun engem Auto lassgekoppelt a matgeholl.