Digital Technologië wäerten d'Gesellschaft massiv veränneren. Ënnert anerem wäerten d'Finanzzerwisser dovunner betraff sinn.

D'Online-Bezuel-Plattform PayPal, de Fonds national de la recherche an d'Uni Lëtzebuerg lancéieren an deem Sënn e Partenariat. Dat Ganzt nennt sech "PayPal-FNR PEARL Chair" a gouf e Méindeg presentéiert.
Dës nei Chair gëtt geleet vum Professer Gilbert Fridgen. Hien a seng Recherche-Ekipp wäerte sech vu Januar 2020 un am Detail mat de Finanzzerwisser an engem digitalen Ëmfeld befaassen. Et geet drëm, fir Prozesser z'analyséieren, ze begleeden a se och mat ze gestalten, esou de Gilbert Fridgen.

"Ech wäert mech beschäftege mat neien Technologien, kënschtlecher Intelligenz, dem Internet vun de Saachen, besonnesch och Blockchain an Distributed-Ledger-Technologien. Ech wäert versichen erauszefannen, wat déi Technologië fir d'Wirtschaft a fir Entreprisen déi an de Finanzzerwisser schaffe bedeiten.

Op där enger Säit wëll ech ënnersichen, wat et fir Changementer gëtt. Op där aner Säit wëll ech dës Verännerunge matgestalten, Iddien ausdenken, wéi eis Welt sech duerch dës Technologië wäert veränneren."

De Gilbert Fridgen

De Gilbert Fridgen ass en Expert am Beräich Blockchain, Systemtechnik an IT-Plattformen.
Hien huet an der Vergaangenheet ënner anerem als Beroder fir eng Rei däitsch Bundesministeren a fir de Bundestag geschafft.