Nom Etat de la Nation vum Premier en Dënschdeg de Mëtteg, waren et e Mëttwoch de ganzen Dag iwwer d’Reaktioune vun den Deputéierten.

"D'Lag vun der Natioun soll d'Lag vun de Leit, vum Alldag vun de Leit representéieren, mä dat hunn ech an der Ried vum Premier Xavier Bettel gëscht net erëmfonnt". Dat sot d'CSV-Deputéiert Martine Hansen beim Optakt vum Debat iwwert den Etat de la Nation. Aus der Siicht vun der gréisster Oppositiounspartei fält den éischte Tëschebilan vun der Blo-Rout-Gréng Koalitioun éischter moer aus.

D'Martine Hansen

D'Martine Hansen huet donieft betount, datt ee méi Transparenz an der Chamberaarbecht wéilt an dofir eng Resolutioun deposéiert, déi virgesäit, datt all d'Chamberskommissiounen an Zukunft ëffentlech ginn. A Punkto Klima wier just eng Diagnos vum Premier gemaach ginn, mä keng eenzeg Mesure genannt ginn, huet d'Martine Hansen ënnerstrach. Et géing ee sech awer nach ëmmer eng ganz Partie Froe stellen, notamment wéi eng Strategie d'Regierung a puncto erneierbar Energien hätt, oder wéi d'Energie- an d'Klimaziler ze areeche sinn, wa Google op Lëtzebuerg kënnt.

“Eise Premier huet d’Rudder fest am Grëff, d’Nol vum Kompass ass ausgeriicht, d’Richtung ass virginn an d’ganz Koalitiounsekipp huet d’Äerm héich gestrëppt, fir d’Schëff weider sécher an den Hafen ze bréngen.”

Zu där bildlecher Konklusioun koum den DP-Fraktiounschef Eugène Berger um Enn vu senger Ried.

D’Kritik vun der Oppositioun kann hien net novollzéien. De Premier hätt eng ganz éierlech Ried gehalen an d'Situatioun net beschéinegt. En hätt e realistesche Constat gemaach. En hätt net nach eng Kéier de ganze Regierungsprogramm virgestallt, well dee wier jo net a Fro gestallt, mä en hätt op d'Prioritéiten higewisen. Dat wier wichteg, fir op eng Politik mat méi Gerechtegkeet zouzesteieren.

Den Eugène Berger

Als drëtte Riedner war et duerno um sozialistesche Fraktiounschef Alex Bodry. Et geet net duer ze soen „Mir mussen d’Leit mathuelen“ an ech verstinn net, wéi ee soe kann, datt ee keng Verbueter dierfe ginn, wa mir iwwert d’Klimapolitik schwätzen – dat sot de Fraktiounschef vun der LSAP den Alex Bodry.

"E Gesetz, wat Grenzwäerter fir Emissioune festleet, ma dat beinhalt Verbueter. Wann een d'Emissiounen iwwerschreit, dann ass et verbueden, déi Aktivitéit duerchzeféieren [...] mech stéiert fundamental déi Aart a Weis, wéi hei argumentéiert gëtt, op eng karikatural Aart a Weis [...] ouni nei Reegelen geet et net. Wie mengt dann, wa mir déi fräi Marktwirtschaft hei gewäerde loossen, dass dann iergendeppes a puncto Klimaschutz Konkretes erauskënnt?"

Den Alex Bodry

Et bräicht een international, mee och national Reegelen, huet den Alex Bodry betount. Als véiert Riednerin huet d’Fraktiounscheffin vun déi Gréng, d’Josée Lorsché, d’Wuert kritt.

Et ass d'Politik aus der Vergaangenheet, déi zu där miserabeler Situatioun am Logement gefouert huet, an där mir haut sinn. Dat huet d'Josée Lorsché, d'Fraktiounscheffin vun déi Gréng, an hirer Interventioun um Krautmaart ënnerstrach.

"Et ass kee Geheimnis, joerzéngtelaang huet zu Lëtzebuerg d'Meenung dominéiert, datt kee Wee laanscht de Kaf vun engem Eegenheem um fräie Maart féiert, fir zu der Gesellschaft dozou ze gehéieren. Souzesoen nom Motto "Trautes Heim, Glück allein", am beschten um Land mat engem grousse Beréng ronderëm. Op deem Hannergrond hunn déi verschidde Regierunge ganz vill Bäihëllefe beim Kaf vun engem Eegenheem agefouert, mä leider ass dës Politik an enger Sakgaass gelant."

D'Josée Lorsché

An Tëschenzäit géif de séchere Wee zu enger Wunneng praktesch just nach iwwert Ierfschafte féieren. Dat géif d'Gesellschaft an zwee deelen. Lues awer sécher hätt sech a politesche Kreesser d'Erkenntnis duerchgesat, datt d'Wunnengsbau- an d'Logementspolitik net just eng Politik fir Proprietären a Spekulanten dierf sinn.

D'Wunnengspolitik misst och eng Politik fir Leit sinn, déi sech keng eege Wunneng kënne leeschten a loune wéilten.

Dës Regierung hätt de Courage, fir nei Weeër anzeschloen, fir d'Wunnen mëttel- a laangfristeg erëm accessibel ze maachen an d'Offer z'erhéijen. Domadder wier awer net d'Offer vu groussen Eegenheemer gemengt, mä d'Offer vu Locatiounswunnengen an nei Forme vu Wunnen.

Dem Staatsminister Xavier Bettel seng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun gouf och en Dënschdeg de Mëtteg nach vill an der Chamber kritiséiert.

Et war mat dat lamentabelst, wat ech an 31 Joer hei am Parlament materlieft hunn” sot de Gast Gibéryen als éischte Riedner am Nomëtteg.

Vun den 33 Säiten, déi d’Ried huet, géifen et ënnert anerem 11 Säite voller Floskelen iwwert de Klimawandel a ganzer zwou Säiten iwwert de Wuesstem, mat Chifferen an Iwwerleeungen, déi jidderee kennt.

De Combel wier awer fir d’ADR, datt de Staatsminister sech vun all deenen anere Problemer geléist huet. Problemer wéi d’Sozialfro, d’Kohesioun vun der Gesellschaft, d’Zukunft vun de Kanner, d’Prioritéiten an der Bildung, de Gesondheetsberäich, d’Lutte géint d’Kriminalitéit, d’Logementsproblematik an d’Stauen.

E Staatsminister kéint sech net einfach dovu léisen, fir am Parlament iwwert d’Problemer vun de Leit an dem Land ze schwätzen. Hie kéint sech just vu senger Funktioun als Staatsminister léisen an dat wier dat Bescht, wat dem Land kéint geschéien.

Méi en animéierten Ament gouf et am Gast Gibéryen senger Ried, wéi hien iwwert de Wuesstem an de Stau geschwat huet an déi Gréng him gesot hunn, hie soll dach de Bus huelen:

"Ech hoffe, datt ech kee Grénge méi mat engem Auto hei an der Stad gesinn. Ech géif emol net mam Bus kommen, Madamm Lorschée, well déi verbrauchen och Energie. Ech géif iech roden: kommt mam Vëlo. An och wann et reent, dat dierf Iech als Gréngen näischt ausmaachen. [...] Oder gitt zu Fouss. Awer kommt net a schreift deenen anere Leit eppes vir, an Dir kommt selwer mat den Autoen heihinner. Ech hunn déi leschte Kéier gekuckt, do sinn är dräi gréng Minister vum Kierchbierg [...] [komm]. Do stoungen hir dräi Déngschtween hei virun der Chamber. Ech hu gesot 'Dat kann dach net sinn. Déi missten dach mat engem kommen, mam Vëlo kommen, mam Tram kommen oder zu Fouss kommen.' Nee, déi si mat 3 Autoe vum Kierchbierg hei an d'Chamber komm."

De Gast Gibéryen

De Marc Baum vun déi Lénk huet d’Deklaratioun iwwert d’Lag vun der Natioun mat engem Aufsatz verglach, deen de Staatsminister virgelies hätt. Et kéint een esou eng Ried net halen, ouni op déi sozial Entwécklung anzegoen. A puncto Wuesstem huet sech de Claude Wiseler oppe gewisen, fir mat der Regierung zesummen ze schaffen.

"Mir sinn enttäuscht! D'Regierung fiert weider mat hirer Salami-Taktik och a Punkto Steierreform!" Dat sot den Deputéierte vun de Piraten Sven Clement. Et géing een zwar begréissen, datt d'Regierung endlech op de Wee vun enger Steierpolitik wéilt goen, déi der Realitéit vum 21. Joerhonnert ugepasst wier, mä:

De Sven Clement

"Kéinte mer do net ganz kleng, ganz séier a ganz direkt ufänken, kleng Problemer ze léisen. Ufänken d'Steierkaart 2 net d'office dem weibleche Partner an enger Koppel zouzeschécken. D'Steierverwaltung kéint dat jo beim Bestietnis iwwert eng einfach Checkbox offroen, wien da wéi eng Steierkaart soll kréien. De Faite, datt eng grouss Reform usteet, ka keng Excuse dofir sinn, datt Problemer, déi elo scho geléist kéinte ginn, ignoréiert ginn. Et gëtt aktuell ganz kloer Ongerechtegkeeten an eisem Steiersystem, mä amplaz méiglech schnell géint déi virzegoen, wëll de Premier just, an ech zitéieren: "progressiv aféieren iwwert e méiglechst laangen Zäitraum."

Et kéint net sinn, datt een déi betraffe Leit weider leide géif loossen, huet de Sven Clement nach betount. D'Pirate fuerderen, datt kuerzfristeg Abattementen an degressiv Steierkreditter ëmgewandelt ginn, fir kleng Paien ze entlaaschten an d'Kafkraaft ze stäerken. Si wéilten als Partei net just kritiséieren, mä och konkret Proposen maachen, huet de Riedner vun de Piraten nach ënnerstrach.

Reaktioun direkt no der Ried vum Premier

"Et huet komplett u konkrete Propositiounen gefeelt", dat war déi allgemeng Reaktioun vun den Oppositiounsparteien no der Ried vum Premier Xavier Bettel.

D'Ried hätt "Null Inhalt" gehat, huet d'CSV-Deputéiert Martine Hansen kritiséiert. Virun allem, datt de Logement vum Premierminister, ofgesi vun der Grondsteier, kaum ernimmt gi wier, stéisst bei der Oppositioun op kee Versteesdemech.

D'Martine Hansen vun der CSV

D'Martine Hansen: "De Premierminister huet gesot, en hätt di 2-3 Punkten ugeschwat, déi prioritär sinn, an da feelt do de Logement? Ech mengen, dat ass awer eng vun de grousse Schwieregkeeten, déi mer am Land hunn, an do hätt ee méi wéi 1 Saz dozou kéinte soen."

"D'Ried huet d'Limitt vun der Frechheet iwwerschratt", esou huet den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum reagéiert, deem et un neien Elementer an der Ried gefeelt huet an enttäuscht war, datt wichteg Sujeten einfach guer net ugeschwat gi wieren.

De Marc Baum vun déi Lénk

De Marc Baum: "Nämlech d'Tatsaach, datt déi sozial Inegalitéiten zu Lëtzebuerg esou grouss sinn, wéi zanter dem Moment, wou een ugefaangen huet, se ze moossen, net méi de Fall war - doriwwer ass kee Wuert gefall. Dat Eenzegt, wat gesot ginn ass, ass, datt déi Fro sou wichteg wier, datt de Premier se net géif behandelen. Et kann ee vläicht soen: Ee Gléck, datt de Premier se net behandelt! Well bei deem "Kompetenzbolzel" wat mir bis ewell héieren hunn, hoffen ech, datt do aner Leit sech drëms këmmeren. Mä et ass eng Frechheet, well et ass net den Ufank vun Erkenntnis iwwert déi real sozial Situatioun!"

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet nom Etat de la Nation betount, datt hien nach keng esou "inhaltslos Deklaratioun" héieren hätt an, datt de Staatsminister näischt Falsches gesot hätt, wëll en nu mol näischt gesot hätt.

De Gast Gibéryen vun der ADR

Wichteg Sujete wieren evitéiert ginn a Konkretes hätt gefeelt: "En entbënnt sech selwer an der Diskussioun, fir iwwert all déi aner wichteg Problemer ze schwätzen. E seet, déi wieren ze wichteg, fir datt een déi a puer Sätz ernimme soll, et soll een also einfach guer net doriwwer schwätzen, senger Meenung no. Dat do war lamentabel, wierklech lamentabel!"

De Sven Clement vun de Piraten huet sech no der Ried gefrot, wat eigentlech d'Conclusioune sinn. D'Deklaratioun hätt geklongen wéi ee "Schülervirtrag". Eng Visioun fir d'Zukunft vum Land hätt komplett gefeelt, sou nach de Sven Clement.

Reaktiounen op d'Ried vum Premier
D'Ried hätt "Null Inhalt" gehat huet beispillsweis d'CSV-Deputéiert Martine Hansen kritiséiert.