Um 13 Auer kruten d'Employéën vun engem Buttek vun enger Persoun gesot, si hätt eng Waff bei sech. Si kruten Angscht an hunn d'Police geruff.

D'Police ass direkt mat e puer Patrullen op d'Plaz komm an huet de Mann matgeholl. Een Täschemesser an eng Matraque konnte saiséiert ginn. Kee Mënsch gouf blesséiert.