400 Kanner méi kéinten an Zukunft duerch d'Adaptatioun vum Gesetz vun de Studiebäihëllefen profitéieren. Dat géif de Staat ronn eng Millioun Euro kaschten.

D’Lëtzebuerger Gesetz wier diskriminatoresch. Dat hat den europäesche Geriichtshaff am Juli vun dësem Joer an engem Arrêt tranchéiert, wéi et ëm Studiebäihëllefe fir Frontalierskanner goung. Eng Partie Studenten, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, mee wou een Elterendeel zu Lëtzebuerg schafft, kruten nämlech hir Aiden refuséiert, well den Elterendeel d'Critèrë fir an enger Referenzperiod vu 7 Joer 5 Joer non-stop geschafft ze hunn, net erfëllt huet.

7 Joer als Referenzperiod wier ze kuerz, esou den europäesche Geriichtshaff. Dofir huet d'Chamber um Donneschdeg ze Mëtteg an der Plenière ee Gesetzprojet gestëmmt, bei deem d'Referenzperiod op 10 Joer gehéicht gouf. Et war net déi éischte Kéier, datt um juristesche Plang huet misste nogebessert ginn. Allerdéngs géifen dës Kéier eng Rei Critèren dobäikommen.

De Rapporter André Bauler sot, datt ee Grenzgänger no 10 Joer Schaffen am Land eng Bindung mat der Lëtzebuerger Gesellschaft opgebaut huet.

Den André Bauler

Een anere Critère ass deen, fir de Student selwer ee Lien mat Lëtzebuerg z'etabléieren, doduercher, datt en eng minimal Dauer vu 5 Joer am Lëtzebuerger Schoulsystem dra war an hei 5 Joer sejournéiert huet.

400 Kanner méi kéinten an Zukunft duerch d'Adaptatioun vum Gesetz vun de Studiebäihëllefen profitéieren. Dat géif de Staat ronn eng Millioun Euro kaschten, esou den André Bauler.

An déi Sue wiere kee Kaddo, deen een de Frontalieren géif maachen, esou den David Wagner vun Déi Lénk. Déi Leit wieren nämlech zu Lëtzebuerg affiliéiert a géifen och hei schaffen, an hätten dowéint ee Rescht dorobber, datt hir Kanner dës Aide financière fir e Studium kréien.

De Gesetzprojet gouf mat 51 Stëmmen ugeholl, 6 Deputéiert hu sech enthalen.