D'Initiative "Grenzenlos Gedenken" hat e Mëttwoch op d'Stater Gare invitéiert, fir un d'Mënschen, déi an dësen Zuch hu misste klammen, z'erënneren.

En Donneschdeg ginn et 78 Joer, datt op der Stater Gare 323 Leit an en Zuch geklomme sinn, ouni ze wëssen, wou se géifen hi bruecht ginn.

Commemoratioun - Reportage Dany Rasqué

Et sollt sech erausstellen, datt den Zuch dës, an nach Dosenden aner Mënschen, an de Ghetto Litzmannstadt bruecht huet, dem besate Lodsch a Polen.

No Wien a Prag war den Zuch, mat der Bezeechnung "Da 3", deen drëtten Deportatiounstransport vun Nazi - Däitschland.

D'Initiative "Grenzenlos Gedenken" hat e Mëttwoch op d'Stater Gare invitéiert, fir un d'Mënschen déi an dësen Zuch hu misste klammen z'erënneren.

6 Schülerinnen hunn d'Nimm vun all deene Mënsche virgelies, déi am Zuch souzen, deen de 17ten Oktober 1941 d'Stater Gare verlooss huet. Kee vun deenen 323 Judde wousst wou et géif higoen, och net déi 189 Mënschen, déi an den nächste Stonnen erageklomme sinn, ënnert anerem zu Tréier.

Stoe bliwwen ass den Zuch dunn an der Géigend vum Ghetto Litzmannstad, wéi d'Nazien déi polnesch Stad Lodsch genannt hunn. Déi Jonk wollte gëschter en Zeeche setzen an dofir suergen, datt d'Schicksal vun deenen 323 Judden, déi als éischt vun der Stater Gare aus deportéiert goufen an de Mord u 6 Milliounen europäesche Judden net vergiess ginn.

D'Schülerin Morgane Schank: "Fir mech war d'Erënnerung ganz wichteg, well mer dat net dierfe vergiessen. Mir dierfen d'Geschicht net einfach esou vergiessen. Et war schlëmm wat geschitt ass an et sinn awer 323 Leit, déi hei duerchkomm sinn an an den Zuch geklomme sinn ouni ze wësse wou se géingen higoen a wat mat hinne géif geschéien.  E groussen Deel vun hinnen ass net méi zeréck komm, et ass mer wichteg, datt mer u si denken an un de Courage, deen si haten."

Just 15, vun all de Leit déi am Zuch souzen, hunn de Ghetto an d'Vernichtungslager iwwerlieft.  Et blouf och net bei engem Zuch, dee vu Lëtzebuerg aus fortgefuer ass, et gouf der am Ganze 7. Déi Jonk si sech awer net sécher, ob d'Mënschheet eppes aus der Geschicht geléiert huet. D'Schülerin Nicole Da Silva:"Wa mer kucke wéi eng Politiker an Tëschenzäit un der Muecht sinn, an deene verschiddene Länner, ass de Risiko do, datt nach eng Kéier esou eppes geschitt. Ech fannen et ass wichteg, datt mir als Mënschen net vergiessen, datt dat och doduerch geschitt ass, well verschidde Leit Muecht haten, déi se net hätten dierfen hunn an dat ass am Fong all eis Schold, well mir hunn hinnen déi Muecht och ginn."

Et ass iwwregens déi éischte Kéier, datt d'Initiative "Grenzenlos Gedenken" dës Commemoratioun organiséiert huet an et gëtt sech net just zu Lëtzebuerg erënnert, mä och heifir an Däitschland.