Schonn déi lescht Woch war et déi traureg Nouvelle, datt den Dan D'Aversa am Alter vu 50 Joer gestuerwen ass.

Den Dan D'Aversa huet grouss Deeler vu senger Carrière bei RTL Lëtzebuerg an RTL Group geschafft. Iwwer 22 Joer war hie Radio- an Télésreporter. Den Dan D'Aversa huet och derzou bäigedroen, RTL.lu opzebauen.
 
Duerno war hie responsabel fir d'Digitalisatioun vu Radioinhalter bannent RTL Group a fir e Projet fir een engleschsproochege Radiosprogramm.

Ufank September hat hien eng Plaz als Head of Corporate Communication vun der BIL ugetrueden.

Senger Famill a sengem Entourage eist häerzlecht Bäileed.