En Dënschdeg de Mëtteg géint 17.30 koum et tëscht Lenzweiler an dem Antoniushaff zu engem uergen Accident. De Rettungshelikopter war am Asaz.

Aus ongekläerter Ursaach ass ee Chauffer op een anere Won opgefuer. D'Wucht vun der Kollisioun huet dozou gefouert, datt de schëllege Chauffer mat sengem Gefier op d'Géigespur komm ass, wou hien ee weidert Gefier, dat entgéintkomm ass, ze pake krut.

Insgesamt waren dräi Autoen am Coup. De Rettungshelikopter huet missen op d'Plaz geruff ginn. Wéinst dem Ongléck war d'N18 fir den Trafic gespaart. Zwou Persoune goufen d'Spidol gefouert, eng dovu gouf méi schwéier blesséiert.

Op der Plaz waren zwee Pelotonscheffen an een Dokter aus dem Norden, 17 Pompjeeë vum CIS Klierf a CIS Wëntger, sou wéi zwou Ambulanzen vum Asazzenter Ëlwen mat 5 Mann, de Samu, d'Police an d'Ponts et chaussées.

Uergen Accident mat 3 Autoen
En Dënschdeg de Mëtteg koum et tëscht Lenzweiler an dem Antoniushaff zu engem uergen Accident.

Liicht verwonnt gouf eng Persoun géint 20 Auer en Dënschdeg den Owend zu Nidderkuer an der Rue Pierre Gansen. Zwee Ween hate sech ze pake krut.

Géint 20.20 Auer waren zu Péiteng am Tunnel um Rondpoint Millen zwee Autoen anenee gerannt. Hei goufen 2 Persoune liicht verwonnt.

Zu Bieles an der Rue de l'Electricité hat um 20 Auer een Auto gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt.

An och zu Esch am Rondpoint Charled de Gaulle stoung an der Nuecht op e Mëttwoch géint 1 Auer een Auto a Flamen. Och hei blouf et beim Materialschued.