E Mann krut kuerz virun 20 Auer um Dënschdeg den Owend an der Avenue de la Gare Suen aus der Hand gerappt.

Kuerz dono gouf de Verdächtegen am Garerquartier vun der Police lokaliséiert a gestallt ginn. De Parquet huet de Mann verhafte gelooss.

Da mellt d'Police, datt si um Dënschdeg den Owend zu Esch an der Rue Victor Hugo e Mann konnte verhaften, dee zum Prisong veruerteelt ma seng Strof nach net ugetratt hat. Hie gouf vun de Beamten op Schraasseg bruecht.