Zu Munneref um Parking vum Stade John Grün hat kuerz no 4 Auer en Donneschdeg de Moien een Auto gebrannt.

Wéi d' Police matdeelt, wier e Mann op dem Parking iwwerfall ginn. Hie krut ënnert anerem säin Autosschlëssel, säi Porte-Monnie a säin Handy vun 2 Männer geklaut, déi handgräiflech gi sinn.

Nodeems de Mann ze Fouss heemgelaf ass an d'Police kontaktéiert huet, gouf hien an d'Spidol bruecht.

Géint 4 Auer an der Nuecht gouf dem Affer säi Gefier, dat schonn ausgebrannt war, op engem Parking zu Munneref fonnt. De Parquet huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Täterbeschreiwung vun der Police:

1. Mannsperson: helle Hautfarbe, korpulent, von kräftiger Statur, sprach Französisch und verstand Luxemburgisch, sehr kurz rasiertes Haar, 1.70m groß, Dreitagebart, bekleidet mit einem weissen Tanktop

2. Mannsperson: helle Hautfarbe, 1.75m groß, Pullover und Jeans, von schmaler Statur, sauberes Aussehen

All Informatiounen iwwert den donkele Kombi, an deem déi zwee Männer tëscht Mëtternuecht a 4 Auer gefuer sinn, si fir den 113.

Weider Virfäll uechtert d'Land

En Donneschdeg am Laf vum Moie gouf et dann och eng Partie Accidenter uechter d'Land. Um CR320 tëscht Pëtschent a Stolzebuerg koum et en Donneschdeg um 6.30 Auer zu engem Accident mat 2 Gefierer. Zwou Persoune sinn hei blesséiert ginn. Wéi sech erausgestallt huet, ass ee vun den Automobilisten trotz Fuerverbuet gefuer. Donieft ass den Drogentest bei dëser Persoun positiv ausgefall. D'Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Op der A1 an Direktioun Stad gouf géint 7.30 Auer eng Persoun blesséiert bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen.

Géint 8.45 Auer ass an der Rue du Canal zu Esch ee Motocyclist gefall. Eng Persoun gouf blesséiert.

Ee weideren Accident mat 2 Autoe gouf et géint 8.55 Auer op der A7 am Tunnel Stafelter an op der A6 an Direktioun Stad huet ee Camion gebrannt.

Ëm halwer 12 sinn zu Betteng op der Mess an der Route des trois Cantons e Camion an en Auto net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufen hei verwonnt.

Um CR152 tëscht Biermereng a Schengen ass géint 13.42 e Gefier accidentéiert. De Bilan ass hei 1 Blesséierten.

Alkoholkontrollen

An der Nuecht vum 23. op de 24. Oktober goufen tëscht 22.15 an 3 Auer an der Stad, op der Côte d'Eich, an der Rue de Trèves an um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte Alkoholkontrolle gemaach. 113 Automobiliste goufe kontrolléiert, 6 Tester si positiv ausgefall. D'Fuerer kruten eng mëndlech Verwarnung. Et gouf kee Führerschäin agezunn.