D’Datebanke bei Police a Justiz gi besser gereegelt. Bis Chrëschtdag nach ëmmer soll ee sech an de grousse Linnen eens sinn.

Bis den nächste Summer soll dann och e gudde Kader stoen, sou de François Bausch e Mëttwoch de Moien no enger Sitzung vun den zoustännege Chamberkommissiounen. De grénge Minister fir bannenzeg Sécherheet sot, et wéilt ee sech un der Belsch inspiréieren.

De François Bausch

Dem Minister no wier et elo awer och un der Chamber ze soe wat se wëll: "Dat sinn och politesch Froen, déi d’Chamber muss klären." Et wier awer dem Minister no och der Police "hire Rôle" d'Politik opmierksam ze maachen op d’Konsequenze vu politeschen Decisiounen op hir alldeeglech Aarbecht.

Ënnert anerem muss decidéiert ginn, wéi eng a wéi vill Leit Zougank op d'Datebanken hunn, wéi d'Bierger kënnen nofroen, wien op hir Donnéeën zeréckgegraff huet, wéi laang Donnéeën an den Datebanke bleiwen, respektiv wéini a wéi laang Donnéeën archivéiert ginn. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet hannerfrot, ob et iwwerhaapt nach géing Sënn maachen déi Donnéeën z’archivéieren. "Well vun deem Moment un, wou eng Affär am Casier ass, dann ass se jo am Casier a brauch net méi an engem Archiv ze sinn", sou de Laurent Mosar. Allgemeng wieren nach vill Froen net beäntwert ginn, sou d’Oppositioun.

Graff resuméiert, ass d’Fro, wéi wäit een Dateschutz an eng effikass Police- a Justizaarbecht ënnert een Hutt ka bréngen.

Eng Lëscht mat 62 Fichieren gëtt et. Dës Zuel hunn en Donneschdeg de Mëtteg d'Deputéiert aus der Chamberkommissioun vum Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch matgedeelt kritt. D'Datebanke vu Police- a Justiz, dorënner de faméise Fichier central solle jo besser gereegelt ginn.

Fichier central / Reportage Christophe Hochard

Dës Lëscht gouf de Memberen aus der Kommissioun bannenzegt Sécherheet ausgehännegt. D'Deputéiert solle sech kënnen a Rou dës Lëscht ukucken. De Minister Bausch well net, dass aus den eenzele Fichiere Konklusioune gezunn ginn, déi net ze zéie wieren. Esou steet do "Kameraiwwerwaachung" am Centre hospitalier, ma do ginn et net méi Kameraen, mä just eng an enger Zell.

Wichteg wier et z’ënnerscheeden tëscht dem Fichier Central a generelle Fichieren, déi vun der Police ugeluecht goufen. Et gi jo och Fichieren, wou just 12 bis 15 Beamten drop schaffen, déi enquêtéieren, an och just si Accès hunn. Et brauch een awer elo Reegelen, wéi laang déi Texter gehale ginn a wien Accès drop kritt.

D’CSV-Oppositioun stéiert sech drun, dass nach ëmmer Date vu Mannerjärege gespäichert ginn, virun allem, wa se keng Strofdot begaangen hätten, seet de Gilles Roth.

Wann de Jonke mat 12 oder 13 Joer doheem fortleeft, gëtt dat an de Fichiere vun der Police opgelëscht,  mat alle Konsequenze fir de jonken Erwuessenen dono. An dat verstéisst géint elementar Mënscherechter. Do geet et der CSV awer net duer, datt elo gesot gëtt, datt een et riichtbéie misst an nach kucke misst, wéi een dat mécht.

De Minister reagéiert dorobber a seet, datt een op de Schutz vun den Date vun de Mineuren de Fokus misst dropleeën. Esou wéilt ee sech bei den Nopeschlänner orientéieren.

D’nächst Woch ass eng weider Reunioun. Dann kënnen d'Deputéiert méi spezifesch Froen ronderëm dës 62 Fichieren dem Minister François Bausch stellen.