Fir déi mëttlerweil schonns 33. Kéier ass en Donneschdeg an e Freideg d’Studentefoire an den Hale vun der Luxexpo um Kierchbierg.

D'Premièresexame schéngen zwar nach enorm wäit ewech, ma fir Studenten oder Schüler, dee wëll op d'Universitéit, ass et mëttlerweil Zäit, sech op d'mannst e puer Optiounen erauszesichen. Hëllefe soll hinnen dobäi d'Studentefoire. Op iwwer 250 Stänn konnte sech déi Jonk Gedanken iwwert hir Zukunft maachen.

Och 2019 war déi mëttlerweil 33. Editioun vun der Studentefoire gutt besicht. Déi eng woussten zimlech genee, no wat fir engem Studium se wéilte kucken, anerer hu sech vun der Offer inspiréiere gelooss.

D'Universitéit vu Lëtzebuerg war och op der Plaz. Dat mam wuel gréisste Stand an der Hal 3. Kaum verwonnerlech, nodeems sech d'Uni an de leschte Joren net nëmmen zu Lëtzebuerg etabléiert huet, erkläert d'Vice-Direktrice Catherine Léglu.

Et ass eng Reputatioun op internationalem Niveau. Et ass eng ganz oppen Uni, eng international Uni. Mëttlerweil kommen och 50% vun eise Student aus Länner hannert den Europäesche Grenzen. Dat ass och wichteg. Mir hunn eng flott Mëschung u Studenten, Sujeten, Sproochen a Kulturen.“

E bëssen eng manner lass war am Eck vun de briteschen Universitéiten. De Brexit-Chaos huet vill Schüler veronséchert, ob hir Zukunft op der anerer Säit vum Äermelkanal leit. Vun de geschaten 2.200 Lëtzebuerger, déi a Groussbritannien wunnen, sinn 1.200 Studenten, weess och den David Clark vun der Oxford University.

Natierlech stellen d'Leit d'Fro, wéi et nom Brexit viru geet a wat fir en Impakt et op si hätt. Ma mir gesinn, datt den Interessi awer nach grouss ass, fir a Groussbritannien ze studéieren. Virun allem un de groussen Unie ronderëm London.“

Virun allem déi schottesch Universitéite géifen nach ëmmer gutt do stoen. Hei bezilt een als Europäer den Ament nach keng Aschreiwungsfraise fir e Bachelor.

D'Diere vun der Studentefoire hunn op deenen 2 Deeg vu moies 10 bis owes 18.30 Auer op. Den Entrée ass wéi all Joer gratis.